Audi R8 V10 Combo
Published on January 26, 2019
Share
Subscribe 17
Fir d'Alleréischt 2006 ob de Marché komm, deemools nach mat engem 4.2 Liter V8, huet den Audi R8 deemools scho fir vill Oprou gesuergt. Et ass d‘Sperspetzt aus dem Segment vun Audi an een exemplarescht Beispill vun der Däitscher Ingenieurskonscht. 2009 dunn koum eng weiderentwéckelt Versioun ob de Marché mam 5.2 Liter V10 FSI Motor aus dem Lamborghini Gallardo. Mee net nëmmen säi kräftege Motor an seng exzeptionell Fuerdynamik maachen den Audi R8 zu engem eeschte Konkurrent vis-à-vis vu Ferrari, Porsche a Co. mee och seng aggressiv a fléissend Optik. An dësem Video presentéiere mir iech den R8 direkt am Doppelpack! Begleet eis bei engem vun eise ville Fotoshootingen hei zu Lëtzebuerg an deelt eis är Begeeschterung zu dësem Automobille Konschtwierk gäre mat.
Instagram: atrex.lu
Facebook: atrex.lu
Méi Informatiounen iwwert den Autofestival:
www.losch.lu/fr/autofestival-2019

Sponsored Content.
more videos