5 oder léiwer 6 Zylinder?
Published on December 11, 2018
Share
Subscribe 17
An enger Zäit wou ëmmer méi iwwert Downsizing geschwat gëtt an d' Motoren ëmmer méi kleng ginn, sinn Audi a BMW déi eenzeg an der Kompaktsportler Liga déi net op den Zuch vun de 4 Zylinder opgespronge sinn. Dat mierkt een net nëmmen un der Leeschtung, mä dat héiert ee virun allem um Klang! Den RS3 huet dank dem Quattro (Allrad) iwwerhaapt keng Traktiounsproblemer a kann och op naasse Stroossen einfach beweegt ginn. Den M2 Competition ass dogéint hannegedriwwen, wat e méi schwéier ze fuere mécht (virun allem op naasse Stroossen), wann een den Auto awer am Grëff huet kann een sech dofir mat dem engen oder aneren Drift amuséieren.

Wann Dir gären ee speziellen Auto hei gesi wëllt oder aner Ideeën hutt da kënnt dir eis dat gären hei op RTLYou oder iwwer Facebook / Instagram
matdeelen.

Instagram: atrex.lu

Facebook: atrex.lu

Sponsored Content.
more videos