Après-Ski Serie No.4 | Apfelküchi
187 views
Published on March 3, 2018
Share
Subscribe 143
A mengem Skivakanze Vlog hat ech schonn dovu geschwat an haut kënnt dann och endlech d’Rezept vu mengem Lieblingsdessert an der Skivakanz: D’Apfelküchi. Déi sinn hei am Land éischter als Äppelbeignets bekannt. 

 

Fir 6 Portiounen: 

 

• 3 Jonagold Äppel 

• 125 gr Miel 

• 220 ml Béier 

• 100 gr Zocker 

• 2 Eeër

• 30 gr Botter 

• 2 TL Kanéil 

• 1 Tl Salz 

• Frittefett 

 

Rezept: 

 

1. Den Zocker mam Kanéil vermëschen. 

2. D’Miel kënnt an eng grouss Schossel an et gëtt eng Kaul an d’Mëtt gedréckt. Da kommen d’Eeër, de Béier, de Botter an d’Salz an d’Kaul an alles gëtt zu engem gläichméissegen Deeg verréiert. 

3. D’Äppel gi geschielt, d’Kären eraus geholl an a 5 mm dënn Scheiwe geschnidden. 

4. D’Fett op 180 Grad virhëtzen. 

5. D’Äppelscheiwen an den Deeg zappen an am Fett vun deenen 2 Säiten ausbaken. Wann den Deeg net gutt un den Äppel pesche bleift, nach e bëssen Miel an den Deeg mëschen. 

6. D’Apfelküchi op engem Stéck Kichepabeier ofdrëpse loossen an am Kanéil an Zocker wänzelen. 

7. Waarm mat Vanillszooss oder Glace a Schlagsahn zerwéiere. 

 

Gudden Appetit verpass net meng aner Rezepter aus menger Après-Ski Serie. 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!