D' REZEPTKËSCHT - Ënnequiche - Zesumme mat Around LX
Published on October 27, 2017
Share
Subscribe 6
Haut stinn ech mol eng Kéier net eleng an der Kichen, mä ech hunn d’Madame Jael vun Around LX bei mir. Op sengem Channel, fënns du e Video wou hat iwwert de lëtzebuergesche Fiederwäisse schwätzt. Typescherweis ësst een dobäi eng Ënnequiche a mir weisen dir wéi een déi selwer kann Doheem maachen. 

(Leider hate mir e klenge Problem mam Toun, Sorry…) 



Fir 1 Ënnequiche: 



• 500 gr Ënnen 

• 100 gr Speck 

• 2 Eeër 

• 2 IL Sauerram 

• 100 gr Emmentaler 

• 100 ml Ram 

• 1 Pak Mürbedeeg 

• Salz 

• Peffer

• Muskot 



Rezept: 



1. D’Ënne schielen an an dënn Scheiwe schneiden. 

2. De Speck zesumme mat den Ënnen an enger Pan fir 5 Minutten ubroden, bis dass d’Ënne mëll a liicht brong sinn. 

3. Wärenddeems ginn d’Eeër mat der Sauerram an der Ram verréiert a mat Salz, Peffer a Muskot ofgeschmaacht. 

4. Den Emmentaler rappen. 

5. De Mürbedeeg an eng Taarteform leeën a mat enger Forschett e puer mol apicken. 

6. Fir d’lescht ginn d’Ënnen um Deeg verdeelt, d’Zooss an den Emmentaler kommen driwwer. 

7. Bei 180 Grad Ëmloft fir 35-40 Minutte baken. 



Waarm mat engem Fiederwäissen zervéieren. 

D’Quiche ass och ideal als Entrée mat enger klenger Zalot dobäi. 



Vergiess net mäin an dem Jael säin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos