Fajitas mat Guacamole
115 views
Published on October 5, 2017
Share
Subscribe 56
Wann ech u mexikanescht Iessen denken, fale mir direkt Fajitas an. Wei een déi Doheem mécht, weisen ech dir haut! An als klengen Extra gëtt et nach eng selwer gemaachte Guacamole fir dobäi. 



Fir 4 Persounen: 



• 1 Paprika 

• 2 Tomaten 

• 1 Ënn 

• 200 ml Tomatenzooss

• 100 gr Cheddar 

• 2 Pouletsfileten 

• 6 mëll Tortillas 

• 1 Avocado 

• 1/4 Zitroun 

• 100 gr Sauerram 

• 100 gr Mais 

• 1 Tl Currypolver 

• 1 IL Paprikapolver 

• 1/4 TL Chilliflacken 

• 1/4 TL Kreuzkümmel 

• Salz 

• Peffer 



Rezept: 



1. Fir d’Guacamole d’Avocado opschneiden, d’Fruuchtfleesch mat engem Läffel eraus huelen an an enger Schossel zerdrécken. Da kënnt d’Sauerram, den Zitrounejus, d’Salz an de Peffer dobäi an dat Ganzt gëtt vermëscht. An de Frigo stelle bis de Rescht fäerdeg ass. 

2. D’Paprika, d’Tomaten, d’Enn an och de Poulet a kleng Stécker schneiden. 

3. D’Geméis an enger Pan fir 2 Minutten ubroden. 

4. Dono kënnt d’Tomatenzooss, de Mais an d’Gewierzer dobäi. Dat ganzt fir 5 Minutte kache loossen an dann aus der Pan huelen. 

5. De Poulet ubroden a wann dee bis duerch ass, kënnt d’Geméis nees an d’Pan. 

6. Alles eng Kéier opkache loossen a gutt verréieren. 

7. D’Tortillas am Schäffche waarm maachen a mat Guacamole, Poulet, Geméis an Cheddar fëllen an zesumme rullen. 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel z'abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!