Iergendwou an engem klenge Village zu Lëtzebuerg steet d´Bauerenhaus "Maison Greiveldinger", et ass eent vun de bekanntste Lost Places zu Lëtzebuerg, D´Platz ass sou bekannt, well insgesamt 5 Autoen an de Garagë vun de Gebaier stinn. Säit de fréiere Besëtzer vum Gebai gestuerwen ass a keng Ierwe fonnt goufen, stinn d´Gebaier eidel a sinn der Natur iwwerlooss.