D' REZEPTKËSCHT - Chrëscht-Serie - No. 1 Spekulatius
Published on November 30, 2017
Share
Subscribe 6
Advent, Advent ein Lichtlein brennt! Et ass ëndlech esou wäit, den 1. Advent steet virun der Dier a passend dozou kënnt hei meng Chrëscht-Serie. Haut gëtt et een einfacht Rezept fir Spekulatius Kichelcher an dobäi eng flott Iddi fir e klenge Chrëschtkado.

Fir 35-40 Kichelcher:

• 200 gr Miel
• 60 gr gemuele Mandelen
• 150 gr Botter
• 125 gr brongen Zocker
• 1 Ee
• 2 TL Spekulatiusgewürz
• 1 TL Kanéil
• 1 Pak Vanillszocker
• Schuel vun 1/2 Bio-Zitroun
• 2 TL Bakpolver
• Salz

Rezept:

1. An enger Schossel d’Miel zesummen mat de Mandelen, dem Spekulatiusgewürz, dem Kanéil, dem Bakpolver an dem Salz vermëschen.
2. De brongen Zocker mat dem Botter, dem Ee, der Zitrouneschuel an dem Vanillszocker fir 5 Minutten mam Mixer opschloën.
3. De Kniedopsaatz op de Mixer maachen.
4. D’Mielmëschung zesummen mat der Bottermëschung zu engem geschmeidegen Deeg verknieden.
5. De Spekukatiusdeeg zu enger Bull formen, déi e bësse platt drécke an a Frischhaltefolie fir 1 Stonn an de Frigo leeën.
6. Den Deeg op enger bemieltener Arbechtsfläch 4mm dënn ausrullen a Kichelcher ausstiechen.
7. Op engem Bakblech fir 11 Minutte bei 175 Grad baken.

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos