D' REZEPTKËSCHT - Foodtrend: Schockelaspizza a mäin Rezept fir Doheem
Published on January 16, 2018
Share
Subscribe 3
Ech hu se ENDLECH fonnt: D’Schockelaspizza!!! Am Mäerz 2017 ass se eraus, am bei mir huet et bis elo gedauert bis ech se an engem Geschäft fonnt hunn. Wei gesäit se aus? Wei schmaacht se? A kann een se Doheem nomaachen? Alles dat gëss du a mengem Video gewuer. 

 

Mäi Rezept fir 2 Pizza’en nach eng Kéier fir no ze liesen:  

• 250 gr Miel 

• 200 ml Waasser 

• 1/2 Pak dreschen Hief 

• 1 ZL Hunneg 

• 10 gr Salz 

• 2 ZL Kakaopolver 

• 1 Tl Olivenueleg 

• 1 Banann 

• 50 gr wäisse Schockela 

• An natierlech NUTELLA

 

1. D’Miel an enger Schossel sou verdeelen, dass an der Mëtt e Lach entsteet. 

2. D’Waasser an dat klengt Lach schëdden, d’Hief, den Hunneg, de Kakaopolver an den Ueleg dobäi maachen. 

3. D’Salz um Bord verdeelen. 

4. Dat ganzt mam Mixer fir 5 Minutten zu engem geschmeidegen Deel verknieden a fir 1 Stonn zougedeckt opgoe loossen. 

5. Eng Halschent vum Deeg dënn ausrullen. An op e Bakblech leeën. 

6. D’Banann schielen, an dënn Scheiwe schneiden an op der Pizza verdeelen. 

7. Bei 220 Grad Ëmloft fir 12-15 Minutte baken oder bis dass de Bord schéi knuspereg ass. 

8. Den Nutella an der Mikrowell oder engem klengem Dëppe schmëlzen an op der Pizza verdeelen. 

9. Mat Stécker wäissem Schockela dekoréieren a waarm zerwéieren. 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken, mäin Channel ze abonnéieren a mir e Kommentar ze schreiwe wanns du d’Pizza scho geschmaacht oder nogemaach hues :) 
more videos