Volume Epsiode 11
Published on December 5, 2019
Share
Subscribe 12
Vum 14.-17. November war nees "Sonic Visions" um Belval, dat elo scho fir déi 12. Kéier. Hei gi Konferenzen, Meetingen a Workshoppe vun a fir Museker ugebueden, sou wéi Live-Concerte fir de grousse Public. Organiséiert gouf de "Sonic Visions" bei den Héichiewen, direkt vis-à-vis vun der Rockhal, eppes dat dem Event natierlech wéi ëmmer en eenzegaartegen a spezielle Look ginn huet. Den David Winter war fir RTLYou op dësem musikaleschen a mëttlerweil schonn traditionellen Event.