Chrëscht-Serie - No.4 Mir baken RTL YOUSERS
279 views
Published on December 24, 2017
Share
Subscribe 143
Chrëschtdag kennt ëmmer an ëmmer méi no. Domat ass et och Zäit fir de 4. a leschten Deel vu menger Chrëscht-Serie haut zesumme mam Emma vum Channel "Emski". Mir verwandelen haut eis Yousers an Gingerbread Männercher!



Fir 5 Liefkuche Männercher:



• 400 gr Miel

• 100 gr Zocker

• 200 gr Hunneg

• 2 Eeër

• 75 gr Botter

• 10 gr Kakaopolver

• 3 TL Liefkuchegewürz

• 2 TL Bakpolver

• Salz



Rezept:



1. An engem Dëppen de Botter, den Zocker an den Hunneg schmëlzen a bëssen ofkille loossen.

2. D'Miel, de Kakaopolver, d'Liefkuchegewürz, d'Bakpolver an d'Salz zesumme vermëschen.

3. Wann d'Hunnegmëschung bis ofgekillt ass, se an d'Schossel vum Mixer schëdden a mat 1 Ee verréieren.

4. No an no d'Mielmëschung bei de Rescht dobäi ginn an zu engem mëllen Deeg verknieden.

5. Den Deeg a Frischhaltefolie awéckelen a fir 30 Minutten an de Frigo leeën.

6. Duerno den Deeg 5mm dënn ausrullen a Formen ausstiechen oder ausschneiden.

7. Op engem Bakblech fir 10-12 Minutte bei 170 Grad baken.

8. An der Tëschenzäit fir de Royal Icing een Eewäiss opschloen a lues a lues de Pudderzocker dobäi ginn. Sou laang opschloe bis eng wäiss, cremeg Mass entsteet.

9. De Liefkuch mat Royal Icing dekoréieren an drëschene loossen.



Mat enger Vilaag kann een och e Liefkuchenhaus ausschneiden a mam Royal Icing zesumme bauen. Wans du selwer e Rezept nomechs, post d’Foto an tagg mech oder schéck mir se op Facebook :)



Ech wëschen dir schéi Feierdeeg!



Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!