Avocado-Toast mat pochéiertem Ee
256 views
Published on May 24, 2018
Share
Subscribe 143
Se ass gréng, cremeg an de Moment iwwerall beléift: d'Avocado. A well ech e richtege Fan vun dem Trendgeméis sinn, hunn ech mir e Rezept iwwerluecht an deem d'Avocado am Mëttelpunkt steet. E knuspereg a cremegen Avocado-Toast mat engem pochéierten Ee. Do kann ee bal net widderstoen!
D'Rezept fënns de och an der Revue vum 25. Mee.

 Fir 2 Persounen: 

 
2 Scheiwe Brout (Ciabatta) 
1 Avocado
2 Eeër
1/2 Zitroun 
Olivenueleg 
1 Zéif Knuewelek 
1 IL Esseg 
Salz 
Peffer

 
Rezept: 

 
D'Brout an enger Pan mat e bëssen Olivenueleg vun deenen 2 Säite brong a knuspereg grillen.
D'Knuewelekszéif opschneiden an d'Brout domat areiwen.
D'Avocado opschneiden, de Kär eraus huelen an d'Fruuchtfleesch mat engem Läffel eraushuelen. An enger Schossel mat e bëssen Zitrounejus zerdrécken. 
D'Avocado um knuspereg Brout verdeelen. 

Fir d'poschéiert Ee, d'Waasser an engem Dëppen zesumme mam Esseg bal zum kache bréngen. Et dierf net spruddelen! 

D'Ee an e Sift maachen a ganz virsiichteg an d'Waasser leeën. 

D'Eeër fir 3-4  Minutten am Waasser kache loossen. Tëschen duerch kann een d'Konsistenz mam Fanger testen. 

Ganz virsiichteg erausfëschen an op engem Kichepabeier ofdrëpse loossen

D'Ee op den Avocadotoast leen, mat e bëssen Olivenueleg, Salz a Peffer garnéieren.  

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze subscriben!

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!