D' REZEPTKËSCHT - Après-Ski Serie No.1 | Älplermagronen
Published on February 19, 2018
Share
Subscribe 0
Leider ass d’Skiivakanz schonn op en Enn gaangen, mä a menger Après-Ski Serie weisen ech dir wéis du dir och Doheem e klengt Stéck Skiivakanz zauberen. E schwäizer Klassiker steet fir d’éischt bei mir um Programm: Älplermagronen mat Röstzwiebeln an Äppelkompott. 

 

Fir 2 Portiounen: 

 

• 2 Gromperen 

• 1 Enn 

• 180 gr Makkaroni 

• 200 gr Gruyère 

• 170 ml Ram 

• Äppelkompott 

• Ueleg 

• Salz

• Peffer 

 

Rezept: 

 

1. Fir d’Röstzwiebeln ginn d’Enne geschielt, an dënn Scheiwe geschnidden a mat genuch Ueleg an enger Pan gebrode bis se schéi brong sinn. 

2. D’Grompere gi geschielt, a kleng Wierfele geschnidden an am Salzwaasser fir 10 Minutte gekacht. 

3. An der Tëschenzäit gëtt d’Schuel vum Gruyère erof geschnidden an de Kéis kleng gerappt. 

4. Wann d’Grompere bis 10 Minutten am Dëppe waren, kommen d’Makkaroni dobäi a ginn no Packungsugaab mat de Grompere gekacht. 

5. Wann d’Nuddelen an d’Grompere bis mëll sinn, ginn se ofgeschott. 

6. Am Dëppen d’Ram mam Gruyère, Salz a Peffer opkache bis de Kéis geschmolt ass. 

7. Zum Schluss ginn d’Makkaroni an d’Grompere mat der Zooss vermëscht. 

8. Mat de Röstzwiebeln an dem Äppelkompott zerwéieren! 

 

Gudden Appetit! 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos