Haut hunn ech en Rezeptvideo fir Iech, des Kéier mam Nathi zesummen! Vill Spaass beim nokachen, a vergiesst net dem Nathi säi Video ze kucke wann der wësse wëllt wéi mer Kichelcher gebak hunn :)
Rezept fir 2 Persounen:
- 2 Zucchini
- 2 Avocados
- 200g Räuchertofu
- 30g Basilikum
- 4 Läffelen Pinienkären (oder Cashews)
- 2 Läffelen Zitrounenjus
- 12 Cherry Tomatoes
- evtl.: Nutritional Yeast
Zucchini mam Spiralschneider zu Pasta schneiden. Avocado, Basilikum, Pinienkären, Zitrounejus an evtl. Nutritional Yeast (Beierhief/Hefeflocken) mateneen mixen. Den Tofu am Albaueleg ubroden, an alles mateneen vermëschen.