D' REZEPTKËSCHT - Schockela-Chilli-Orange Kuch
Published on August 5, 2017
Share
Subscribe 3
Chocoholics opgepasst! Hei kënnt dat ultimatiivt Rezept fir e Schockela-Orange-Chili Kuch mat Ganache als Topping. Do kann ee baal net "Nee" soen.

Rezept:

• Fir eng 26cm Sprangform
• 300 g schwaarze Schockela (geschmolt)
• 100 g schwaarze Schockela
• 150 g Botter
• 6 Bio Eeër
• 300 g gemuele Mandelen
• 150 g Zocker
• 100 ml Rahm
• Schuel vun 1 Orange
• 3/4 TL Chilliflacken
• 1/2 TL Salz
• 1 Pak Vanillzocker

1. De Botter, Zocker, Vanillzocker a Salz an enger Schossel fir 2 Minutte schaumeg réieren.
2. No an no d’Eeër dobäi ginn.
3. Virum Baken nach de Schockela, d’Mandelen, d’Chiliflacken an d’Orangeschuel ënnert den Deeg mëschen.
4. An eng gebottert Sprangform fëllen a fir 35 Minutte bei 180 Grad Ëmloft baken.
5. Fir d’Ganache d'Ram an enger Kasseroll opkachen, de Schockela dobäi maachen an esou laang réieren, bis sech de Schockela opgeléist huet. Op d’Säit stelle fir kal ze ginn.
6. Wann de Kuch ofgekillt ass, gëtt nach d’Ganache drop verdeelt.

De Kuch kann och ouni Chilli an Orange gebak ginn wann een dat net gär huet.

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos