D' REZEPTKËSCHT - Après-Ski Serie No.3 | Zürecher Geschnëtzeltes
Published on February 28, 2018
Share
Subscribe 3
A menger Après-Ski geet et weider mat engem salzege Rezept wat ursprénglech aus der Schwäiz kënnt. Haut steet Zürecher Geschnëtzeltes um Menü. Séier an einfach doheem gemaach fir Mëttes oder Owes, dat passt ëmmer. 

 

Fir 2 Portiounen: 

 

• 200 gr Champignonen 

• 300 gr Kalleffleesch 

• 200 ml Ram 

• 75 ml Geméisbritt

• 50 ml wäisse Wäin 

• 1 Zéif Knuewelek

• 1 Schallotte 

• 2 TL Miel 

• Salz 

• Peffer 

 

Rezept: 

 

1. D’Fleesch a kleng, dënn Scheiwe schneiden. D’Schallotten, de Knuewelek an och d’Champignone gi kleng geschnidden. Wann d’Champignonen net vill knaschteg sinn, muss een se net schielen, ma et geet duer wann een se mat engem Stéck Kichepabeier ofbotzt. 

2. An enger Pan gëtt d’Fleesch schaarf ugebroden, gesalzt a gepeffert.  

3. D’Miel kënnt dobäi, doduerch gëtt d’Zooss méi déckflësseg a cremeg. D’Fleesch gëtt duerno op  d’Säit gestallt.

4. De Knuewelek an d’Schallotte gi mat genuch Fett ugebroden an d’Champignone kommen dobäi. 

5. Dat ganzt gëtt mam Wäin a mat der Geméisbritt ofgeläscht a fir 3-5 Minutte kache gelooss, bis bal all d’Flëssegkeet verdonst ass. 

6. Zum Schluss kënnt d’Fleesch an d’Ram dobäi an nach eng Kéier kuerz opkache gelooss. 

7. Mat enger Piisch a Schlagsahn zerwéieren. 

 

Gudden Appetit! Verpass net meng aner Rezepter aus menger Après-Ski Serie. 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos