Ouschternäschter aus Rice Crispy
134 views
Published on March 29, 2018
Share
Subscribe 143
Gläich ass et nees esou wäit dat den Ouschterhues kënnt, ma dee brauch nach eppes wou en d’Séissegkeeten an d’Ouschtereeër dra leeë kann. A well een ni genuch Schneekegkeete kann hunn, maachen ech d’Näschter aus Rice Crispy Treats. Wei een déi mëscht, gesäis du hei am Video. 



Fir 12 Näschter: 



• 160 gr Puffräis Cornflakes

• 170 gr Marshmallows 

• 40 gr Botter 

• 1 TL Vanillsaroma 

• Saache fir an d’Näschter

 

Rezept: 

 

1. An engem groussen Dëppe ginn de Botter, d’Marshmallows an de Vanillsaroma geschmolt. 

2. Wa bis alles geschmolt ass kommen d’Cornflakes dobäi an et gëtt sou laang geréiert bis alleguer d’Cornflakes mat Marshmallow bedeckt sinn. Wann ee wëll kann een nach e bësse Liewensmëttelfaarf dobäi maachen. 

3. D’Hänn an d’Muffinsforme gi gutt mat Botter agefett. 

4. Déi pecheg Mëschung gëtt mat den Hänn an d’Forme gedréckt an an der Mëtt formt een eng kleng Kaul. Dat geet am beschte wann een d’Mëschung fir d’éischt e bëssen ofkille léisst. 

5. Fir 1 Stonn an de Frigo stellen. 

6. D’Näschter mat engem Messer aus der Form huelen a fëllen. 

 

Schéin Ouschteren!



Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!