Et ass endlech esou wäit. Du hues deng 1ière oder 13ième gepackt an elo kanns du et kaum erwaarden däin Diplom an der Hand ze hunn! Mä wéi s du dech schminks, weess du nach ëmmer net? D‘Make-up Artists sinn all ausgebucht an du bass no Lloret knapp bei Kasse? Ma dann kann ech dir hëllefen! Ech weisen dir, wéi ech et mat Drogerieproduiten hikrut, glamouréis fir dee speziellen Dag auszegesinn! Vill Spaass beim Nokucken!