Mojito Cupcakes
192 views
Published on May 5, 2018
Share
Subscribe 143
Am Summer e gudden erfrëschende Cocktail… oder dann awer villäicht e lëftege Cupcake mat cremegem Topping? Déi Fro hunn ech mir alt scho gestallt, a genau sou ass mäi Rezept fir Mojito Cupcakes entstanen, den Hit schlechthin bei guddem Wieder op enger Party!

Fir 12 Cupcakes:

• 140 gr Miel
• 120 gr Botter
• 2 Eeër
• 100 gr Zocker
• 200 gr Philadelphia
• 120 gr Pudderzocker
• 80 gr Botter
• 100 ml Cachaça
• 1 Limette
• 3 Branche Menthe
• 1 TL Vanillsaroma
• 2 TL Bakpolver
• ½ Tl Salz

Rezept:

1. D’Miel mam Bakpolver an dem Salz vermëschen an op d’Säit stellen.
2. De Botter gëtt zesumme mam Zocker an dem Vanillsaroma schaumeg opgeschloen.
3. Da kommen di 2 Eeër dobäi. Wann zu dësem Zäitpunkt den Deeg e bësse grimmeleg ausgesäit ass dat ganz normal. Dat ass well de Botter net all d’Flëssegkeet kann ophuelen.
4. D’Mielmëschung no an no ënnert de Rescht vum Deeg mëschen.
5. Zum Schluss kommen nach 3 IL Caçacha dobäi.
6. Den Deeg mat engem Glaceportionnéierer op 12 Muffinforme verdeelen a bei 180 Grad fir 15 min baken.
7. Fir den Topping de Botter kuerz opréieren. Da mam Philadelphia an dem Pudderzocker kuerz zu enger geschmeideger Crème vermëschen. Oppassen, datt de Botter an de Philadelphia Zëmmertemperatur hunn an datt een netz e laang réiert.
8. An e Sprëtzbeutel fëllen an an de Frigo leeën.
9. Iwwert di fäerdeg Muffins kënnt nach e bësse Cachaça.
10. Den Topping op de Muffins verdeelen a mat engem Stéck Limette dekoréieren.

De Cachaça kann een am Deeg duerch Mëllech ersetzen.

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze subscriben!
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!