D' REZEPTKËSCHT - Spaghetti Aglio e Olio
Published on June 20, 2017
Share
Subscribe 6
Haut um Programm steet een typescht italienescht Rezept wat sech a 15 Minutte maache léisst: Spaghetti Aglio e Olio.

Fir 2 Persounen:

• 200 gr Spaghetti
• 4 Knuewelekszéiwen
• 1/2 TL Chilliflacken
• 90 ml Olivenueleg
• Salz
• Peffer
• 10 Cherrytomaten
• Péiterséileg
• Parmesan

Rezept:

1. D’Kuewelekszéiwen ginn an en Tupperware gemaach an sou laang gerëselt, bis dass sech d’Schuel léist. Dono ginn se an dënn Scheiwen geschnidden.
2. Och d’Cherrytomaten gi geschnidden.
3. An enger Pan gëtt den Olivenueleg mam Knuewelek, den Chilliflacken an dem Salz a Peffer erhëtzt bis dat ganzt ufänkt ze brutzelen. Dobäi muss een oppassen, dass de Knuewelek net brong gëtt.
4. No 1-2 Minutten kommen d’Tomaten dobäi, déi ginn nach eng Kéier 1 Minutt ugebroden an dann stëllen mir d’Zooss op d’Säit.
5. D’Spaghetti am Salzwaasser kachen an ofschëdden.
6. An engem Dëppen ginn d’Spaghetti mat der Zooss vermëscht an si prett fir zervéiert ze ginn.
7. Zum Schluss kënnt nach e bëssen Parmesan a Péiterséileg iwwert d’Spaghetti.

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos