D' REZEPTKËSCHT - Nuddelszalot mat Currydressing
Published on July 1, 2017
Share
Subscribe 3
Ideal fir e Grillowend, als Bäilag oder fir mat op e Picknick: meng Nuddelszalot mat Currydressing!

Als Bäilag fir 8-10 Leit:

• 300 gr gekachten Nuddelen
• 6 IL Ueleg
• 14 Cherry Tomaten
• 10 cm vun enger Zalotekornischong
• 1 Paprika
• 1 Dous Mais
• 2 IL Waasser
• 2 IL Süß-Sauer Zooss
• 1,5 IL Sojazooss
• 0,5 IL Esseg
• 3 IL Currypolver

Rezept:

1. Fir den Dressing ginn den Ueleg, d’Waasser, d’Süß-Sauer Zooss, d’Sojazooss, den Esseg an d’Currrypolver vermëscht.
2. Dono gëtt alleguer d’Geméis a kleng Stécker geschnidden.
3. D’Nuddelen, den Dressing an d’Geméis an enger grousser Schossel vermëschen an fir mindestens 1 Stonn kal stellen.

Am beschten schmaacht d’Zalot wann se eng Nuecht am Frigo duerchgezunn ass.

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos