Slutty Fudgy Brownies
349 views
Published on July 4, 2017
Share
Subscribe 143
Du bass op der Sich no säftegen, leckeren an einfache Brownies? Da bass du hei genau richteg! Meng Slutty Fudgy Brownies mat dräi Zorte Schockela an Oreos.

Fir 12 Stécker (20cmx25cm Form):

• 4 Bio Eeër
• 200 gr schwaarze Schockela
• 100 gr wäisse Schockela
• 100 gr Mëllechschockela
• 350 gr Zocker
• 200 gr Miel
• 16 Oreos
• 150 ml Ueleg
• 1 TL Vanillaroma
• 1 TL Bakpolver
• 1/2 TL Salz

Rezept:

1. De schwaarze Schockela a Stécker schneiden an an der Mikrowell schmëlzen.
2. Och de wäisse Schockela an de Mëllechschockela ginn a kleng Stécker geschnidden an op d’Säit gestallt.
3. D’Eeër ginn zesummen mam Zocker a Vanillaroma schaumeg opgeschloen.
4. Als nächst gëtt d’Miel, d’Bakpolver an d'Salz an enger Schossel vermëscht.
5. Bei déi schaumeg Eeër-Zockermëschung kommen d’Mielmëschung, den Ueleg, de schwaarze Schockela an d’Schockelasstécker dobäi.
6. D’Bakform gëtt mat den Oreos ausgeluecht, den Deeg kennt driwwer an gëtt fir 45 Minutten bei 170 Grad Ëmloft gebak.

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!