Bliederdeeg-Staange mat Spinat, Philadelphia a Feta
170 views
Published on July 13, 2017
Share
Subscribe 143
Du brauchs spontan eppes fir bei den Aperitif oder als Snack fir tëschenduerch? Ma da probéier mol meng super einfach Bliederdeeg Staange mat Spinat, Philadelphia a Feta aus!

Rezept:

Fir 15-20 Stéck:

• 1 Rull Bliederdeeg
• 100 g gekachte Spinat
• 200 g Philadelphia
• 100 g Feta
• 50 g Parmesan
• 1 Eegiel
• Peffer


1. De Feta a Spinat kleng schneiden an de Parmesan rappen.
2. An enger Schossel de Philadelphia, Feta, Parmesan, Spinat a Peffer vermësche bis eng cremeg Mass entsteet.
3. Mat der Deegrull de Bliederdeeg ausrullen, dass en bësse méi dënn a grouss gëtt.
4. D’Philadelphiamëschung op eng Halschent vum Deeg verdeelen an dann zouklappen.
5. An Sträife schneiden an zu klenge Spirale rullen.
6. D’Bliederdeeg Staangen op engem Bakblech verdeelen, mam Pinsel mat Eegiel besträichen a bei 180 Grad Ëmloft fir 25 Minutte baken.

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg bei nomaachen!