D' REZEPTKËSCHT - Fouer-Serie - No.2 Eisekuchen
Published on August 28, 2017
Share
Subscribe 3
An et geet weider mat der Fouer-Serie. Fir mech ass et de „Klassiker“ den op kee Fall op der Fouer dierf feelen: Eisekuche mat Schlagsahn an Äerdbier. An dësem Video weisen ech dir wéi een déi ganz einfach selwer kann Doheem maachen.



Fir 18 Eisekuchen:



• 500 gr Miel

• 250 gr Botter

• 5 Eewäiss

• 5 Eegiel

• 50 gr Zocker

• 400 gr Äerdbier

• 70 ml Mëllech

• 250 ml Rosport

• 250 ml Béier

• 250 ml Ram

• 40 gr frësch Hief (1 Pak)

• 1 Pak Vanillszocker

• 1/4 TL Salz



Rezept:



1. D’Hief an den Zocker ginn an der Mëllech opgeléist a bësse roue gelooss.

2. An enger grousser Schossel (den Deeg geet dono vill op) gëtt de Botter an d’Eegiel schaumeg opgeschloen.

3. D’Mëllech-Hief Mëschung an d’Salz kommen dobäi.

4. Fir d’Läscht gëtt oofwiesselnd d’Miel, de Béier an de Rosporter mam Rescht vermëscht a fir mindestens eng hallef Stonn zougedeckt op d’Säit gestallt fir dass den Deeg kann opgoen.

5. An der Tëschenzäit ginn d’Äerdbier geschnidden, d’Ram mam Vanillszocker zu Schlagsahn opgeschloen an och d’Eewäiss gëtt zu Schnéi geschloen.

6. Nodeems den Deeg opgaangen ass, gëtt den Eeschnéi drënner gehuewen.

7. De fäerdegen Deeg an engem Eisekuch-Eisen, wat agefett ginn ass, fir 2-3 Minutten ausbaken an op enger Hiertchen auskille loossen.

8. Mat Pudderzocker, Schlagsahn an Äerdbier garnéieren.



Wat den Deeg méi laang opgeet, wat d’Eisekuche méi lëfteg an och knuspereg sinn. E bësse waarde lount sech also ;)



Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos