D' REZEPTKËSCHT - Meng Erënnerung u Kreta
Published on June 28, 2018
Share
Subscribe 0
Mat dem gudde Wieder dobaussen, kéint ee scho bal mengen et wier Summervakanz. Ma leider ass dat nach net de Fall. Wat mech awer op jiddefall zousätzlech un d’Vakanz erënnert ass e Rezept wat ech lescht Joer zu Kreta erfonnt hunn: Poulet mat enger Hunneg-Thymian Marinade a griichesch Zalot. 



Fir 2 Persounen: 



• 2 Pouletsfileten 

• 130 ml Olivenueleg

• 60 gr Hunneg 

• 1 Tomat 

• 1 Paprika 

• 1/2  Zalotekornischong

• 70 gr Feta 

• 1 Limette 

• 5 Branchen Thymian 

• 1/2 TL Chilliflacken 

• Salz 

• Peffer



Rezept:  



1. Fir d’Marinade an enger Kasserolle 3/4 vum Olivenueleg, den Hunneg, den Thymian, e bësse Salz a Peffer bei klengerHëtzt vermëschen. Dat ganzt esou laang réieren, bis eng déckflësseg Zooss entsteet. 

2. D’Pouletsfileten an der Halschend duerchschneiden. Esou sinn se mi séier duerch a bleiwe mi säfteg. 

3. De Poulet zesumme mat der Marinade an enger Tut vermëschen a fir mindestens 2 Stonnen am Frigo roue loossen.

4. Fir d’griichesch Zalot d’Paprika, d’Tomat an d’Kornischong graff kleng schneiden. Bei der Zalotekornischong honderem d’Käre schneiden. 

5. An enger Schossel d’Geméis mat dem Rescht Ueleg, dem Jus vun der Limette, dem Feta, den Chilliflacken, Salz a Peffer verréieren. 

6. De Poulet vun deenen 2 Säite gläichméisseg grillen. 

7. Waarm oder kal mat der Zalot zerwéieren. 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze subscriben!

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos