Kniddele mat Speck-Ënne-Rahmzooss
602 views
Published on August 15, 2017
Share
Subscribe 143
Nei Kichen an en neit Rezept! Eppes typesch Lëtzebuergesches steet haut um Programm: Et gi Kniddele mat Speck-Ënnen-Rahm Zooss.



Fir 2 Persounen:

300 gr Miel
100 gr Speck
3 Bio Eeër
140 ml Mëllech
220 ml Rahm
1 Ënn
1/2 TL Peffer
1/2 TL Salz

Rezept:

Fir de Kniddelsdeeg an enger Schossel d’Miel, d’Eeër, d’Mëllech an d’Salz zu engem déckflëssegen Deeg verréieren.

D’Ënnen a Scheiwe schneiden an zesumme mam Speck an enger Pan ubroden, bis alles ufänkt brong ze ginn.

D’Rahm an de Peffer dobäi ginn an eng Kéier opkachen.

An engem groussen Dëppen Waasser opkachen an mat engem Zoppeläffel Kniddelen aus dem Deeg formen an am Waasser kachen. (Wann een de Läffel virdrun an d’Waasser zappt, bleift näischt dru päschen)

Wann d’Kniddelen bis uewe schwammen nach 1 Minutt waarden, dann kann een se eraushuelen.

Mat e bëssen Zooss zervéieren.



Amplaz vun der Rahmzooss, passt och Äppelkompott, Gebeess oder bëssen Zocker bei d’Kniddelen.



Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!