D' REZEPTKËSCHT - Espresso-Schockela Knippercher
Published on July 17, 2017
Share
Subscribe 3
Du mengs Schockela an Espresso géif net beieneen passen? Dann beweisen ech dir de Géigendeel mat mengen Espresso-Schockela Knippercher.

Fir 20-25 Stéck:

• 200 g Miel
• 100 g brongen Zocker
• 80 g Botter
• 100 g Schockelasstécker
• 75 ml Mëllech
• 1 Espresso
• 1 IL Kokosnossfett
• 1 TL Vanillaroma
• Zockerpärelen
• Nosskrokant

Rezept:

1. D’Miel an enger Bakform verdeelen an bei 170 Grad fir 5 Minutten baken.
2. De Botter, de brongen Zocker an de Vanillaroma an enger Schossel verréieren.
3. Zu lescht d’Miel, den Espresso, d’Mëllech an d’Schockelasstécker ënnert d’Botter- Zockermëschung hiewen. Fir eng hallef Stonn an de Frigo stellen.
4. Schockela a Kokosnossfett an enger klenger Schossel schmëlzen.
5. Den ofgekillten Deeg zu klengen Bullen formen, an de Schockela zappen, mat Zockerpärelen oder Krokant dekoréieren an op en Bakblech setzen.

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg bei nomaachen!
more videos