Hey dir léif Leit,
wéi am Video erwäänt, ass et mir leider de Moment onméiglech u menge Keri Smith Bicher weider ze maachen.
Fir iech awer net einfach guer näischt ze liwweren hunn ech geduecht, dass et deen een oder anere bestëmmt interesséiert wat mir eis am IKEA alles sou kaf hunn fir bei der Renovatioun vun eisem Haus endlech mol rem e Schratt virun ze kommen.
Ween och schonn e mol selwer en Haus gebaut/renovéiert huet, weess warscheinlech wéi vill Zäit een do ra stieche muss an versteet soumat och dass een do aner Saachen am Kapp huet, wéi molen, bastelen & zeechnen.
Ech denken sou eng Renovatioun gëtt awer och deem engen oder aneren en inspirativen Ustouss a vläicht ass jo och een ënnert menge Viewer deen esou eppes grad mécht, gemaach huet oder an Zukunft fir huet et ze maachen!?
Falls jo, loosst mech dat onbedéngt an de Kommentare wëssen.
Fir de Rescht vill Spaass mam Video an ech freeë mech op äre Feedback :-*