D' REZEPTKËSCHT - Ice Tea - einfach a séier selwer gemaach
Published on September 12, 2017
Share
Subscribe 3
Nieft menger Äerdbier-Zitroun-Limonade dierf, fir mech, nach eng aner Erfrëschung net feelen: Ice Tea. Haut weisen ech dir dofir e Rezept fir ganz einfach Ice Tea selwer ze maachen!



Fir 1,6 Liter:
- 1,5 Liter Waasser
- 1 Zitroun
-1/2 Orange
- 5 Rooibos Téisäckelcher (oder Schwaarzen Téi)
- 90 ml Piischesirop (SIROP net Jus)
- 90 gr Hunneg
- Menthe

Rezept:

1. D’Waasser an engem Dëppen opkachen, d’Téisäckelcher dra geheien a fir 7 Minutten zéie loossen.

2. No 7 Minutten d’Säckelcher eraus huelen an den Hunneg am Téi opléisen.

3. Den Téi ofkille loossen.

4. An der Tëschenzäit de Jus aus Zitroun an Orange auspressen.

5. Fir d’lescht gëtt dann den Téi mam Jus, Piischesirop a Menthe an engem grousse Gefäss vermëscht a kal gestallt.



Wann en schwaarzen Téi amplaz vum Rooibostéi hëlt, gëtt den Ice Tea net sou séiss me éischter bësse méi batter.



Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos