Cinnamon Pancakes
322 views
Published on June 19, 2017
Share
Subscribe 143
Cinnamon Pancakes:

E klengen Twist vum nomale Pancake Rezept, orientéiert un de Cinnamon-Kichelcher. Haut maachen ech: Cinnamon Pancakes mat Cream Cheese Frosting.

Fir 12-15 Pancakes:

• 155 gr Miel
• 1 TL Bakpolver
• 50 gr Zocker
• 100 ml Mëllech
• 2 Bio Eeër
• 2 TL Kanéil
• 90 gr brongen Zocker
• 1 TL Vanillaroma
• 70 gr Botter
• 70 gr wäisse Kéis
• 100 gr Pudderzocker

Rezept:

1. D’Eeër zesummen mam Zocker an dem Vanillaroma schaumeg opschloen.
2. Fir d’éischt d’Mëllech an dono nach d’Miel an d’Bakpolver ënnert déi schaumeg Mass mëschen.
3. De Botter, de brongen Zocker an de Kanéil an enger Schossel vermëschen an an een Spritzbeutel oder Gefréiertuut fëllen.
4. Aus dem wäisse Kéis an dem Pudderzocker gëtt dann nach de Frosting gemëscht.
5. D’Pancakes ginn an enger Pan ausgebak. Ier se ëmgedréint ginn, gëtt eng Spiral aus der Kanéilmëschung mam Spritzbeutel oder Gefréiertuut drop gesprëtzt.
6. Zum Schluss kënnt nach e bëssen vum Cream Cheese Frosting iwwert d’Pancakes.

D’Pancakes loossen sech gutt afréieren wann se bis ausgebak sinn.
Wann een d’Kanéilmëschung ewech léisst, huet een en normaalt Pancake Rezept.

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!