An dësem Video hu mir eng kleng Challenge zweschend dem Seat Leon Cupra R an dem VW Golf R duergestallt. De Fränk huet an dësem Fall verschlof an ass dann natirlech am Stress fir mat Zäiten um Findel ze sin. De Lex as dogéind e Frühaufsteher, kann nach gemittlech Kaffi drénken an duerno mam Golf ouni Stress op de Findel fueren. Dobäi ass et net esou kloer wien vun deenen 2 als éichten ukënnt.
Fazit : Déi 2 Autoe si flott a schnell Kompaktsportler mat deenen een am Alldag effizient an awer och ganz sportlesch fuere kann. Bei denen 2 Autoen ass de Fuerspass garantéiert, woubäi de Seat éichter eng méi jonk Clientèle usprécht an de Golf eiser Meenung no méi erwuesse wierkt.
Wann Dir gären e speziellen Auto hei gesi wëllt oder aner Ideen hutt da kënnt dir eis dat gären hei op RTLYou oder iwwer Facebook / Instagram matdeelen.
Instagram: atrex.lu
Facebook: atrex.lu
Sponsored Content.