Viva Las Vegas 🤩🤩🤩 | Roadtrip USA 🚗
Published on April 4, 2019
Share
Subscribe 5
Las Vegas ass déi gréissten Staat am US Bundesstaat Nevada.
Et wunne méi wéi 630 000 Läit zu Las Vegas. An der Emgéigend, sinn et der ronn 2 Milliounen.
Wann een bedenkt dass pro Joer ongeféier 40 Milliounen Touristen dohi kommen, freet ee sech wéi dës Stad déi Massen u Leit bewältege kann.
Ech war scho beandrockt vun deene risen Hoteller an Casinoen, déi sou grouss sinn dass een en Navi brauch fir d' Sortie ze fannen.
All déi Luuchten a Faarwe si schonn impressionnant ze gesinn.
Ech hunn ni geduecht dass et sou grouss wier. A menger Virstellung war Las Vegas just 1 Strooss mat deene Casinoen wéi een se ëmmer an de Filmer gesäit, mais dass et sou riseg ass, hat ech mir net erwaart.
Ech koum aus dem Staunen net méi eraus.

Musek vum Video 🎶🎶🎶
https://open.spotify.com/artist/7BqQVR7x1SLhTcQACUas1T
https://www.facebook.com/PHACKO.band/

Voila, hoffen iech gefällt den Video :)
more videos