Fuesent | Fueskniet | Verwurrelter
368 views
Published on February 9, 2018
Share
Subscribe 127
Et ass wuel déi verrécktsten Zäit am Joer: d’Fuesent! Ma wëll een schlecht ouni eppes guddes Séisses feieren kann, baken ech haut Fueskniet. 
 
Fir 30 Stéck: 
• 500 gr Miel  
• 3 Eeër 
• 100 gr Margarine 
• 130 gr Zocker 
• 1/2 Wierfel Hief 
• 100 ml Mëllech 
• Salz 
• Fett fir d’Fueskniet ze baken 
 
Rezept: 
 
1. An engem Dëppen op der Kachplack d’Mëllech, den Zocker, d’Hief an d’Eeër vermëschen an op ongeféier 38 Grad erhëtzen. Doduerch geet d’Hief dono besser op an d’Fuesent gi schéi lëfteg. 
2. D’Miel, d’Salz an d’Margarine dobäi maachen a mam Mixer zu engem geschmeidegen Deeg verknieden. 
3. Op enger waarmer Plaz zougedeckt fir 1 Stonn opgoe loossen. 
4. Wann den Deeg schéin opgaangen ass, mat genuch Miel eng Kéier duerchknieden a 0,5 - 1 cm dënn ausrullen. 
5. Den Deeg a schmuel Sträifen schneiden, déi 10cm laang sinn an e Knuet formen. 
6. D’Fueskniet nach eng Kéier 15 Minutten opgoe loossen. Dobäi oppassen dass keen Duerchzuch ass an dass et gutt waarm ass. 
7. D’Fett op 180 Grad virhëtzen an d’Fueskniet esou an d’Fett leeën, dass déi Säit déi uewen louch elo ënnen am Fett läit. 
8. Vun deenen 2 Säiten baken bis se schéi brong sinn. 
9. Op engem Stéck Kichepabeier ofdrëpse loossen. 
10. Mat Pudderzocker an Quetschekraut zerwéieren. 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!