D' REZEPTKËSCHT - Äerdbier-Zitroun Limonad
Published on June 22, 2017
Share
Subscribe 3
Du brauchs eng kleng Erfrëschung? Dann ass meng Äerdbier-Zitroun Limonad genau dat richtegt fir dech!

Fir 1,5 Liter Limonad:

• 5 Zitrounen
• 180 ml Waasser
• 300 gr Äerdbier
• 180 gr Zocker
• 800 ml Waasser
• Menthe

Rezept:

1. Aus dem Zocker an dem Waasser gëtt an engem Dëppen en Zockersirop gekacht. Dofir d’Waasser mam Zocker sou laang kachen bis den Zocker sech ganz opgeléist huet.
2. Aus den Zitrounen gëtt de Jus ausgepresst. Fir dass de Jus méi einfach aus den Zitrounen kënnt, soll een se virdrun eng Kéier fest rullen.
3. Déi gebotzten Äerdbier zesummen mam Zitrounejus an engem groussen Gefäss puréieren.
4. Den Zockersirop, den Zitroune-Äerdbierjus, d’Waasser an d’Menthe an enger Karaff oder Schossel vermëschen a fir 1 Stonn kal stellen.
5. Prost!

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos