Chrëscht-Serie - No.3 Bottergebäck
347 views
Published on December 14, 2017
Share
Subscribe 143
Fir vill Leit bedeit Chrëschtdag vill a gutt iessen. A wat no engem gudde Menü net feelen dierf ass de Kichelchersklassiker: Bottergebäck. Wéi einfach a schnell dat gebak ass weisen ech dir haut! 



Fir ongeféier 40 Kichelcher: 



• 275 gr Miel 

• 125 gr Zocker 

• 3 Eegiel 

• 200 gr Botter

• 1 Eegiel 

• 2 IL Mëllech 

• 2 Päck Vanillszocker 

• 1/2 Tl Salz 



Rezept: 



1. Mam Mixer de mëlle Botter, den Zocker, de Vanillszocker an d’Salz schaumeg verréieren. 

2. D’Eegiel een nom aneren dobäi ginn a gutt vermëschen. 

3. D’Opsätz um Mixer wiesselen a fir d’lescht d’Miel mam Rescht verknieden. 

4. Den Deeg zu enger Bull formen an a Frischhaltefolie fir 1 Stonn an de Frigo stellen. 

5. Mat bësse Miel ausrullen, verschidde Formen ausstiechen a mat genuch Ofstand op e Bakblech leeën.

6. D’Eegiel an d’Mëllech verréieren an d’Kichelcher domat bepinselen. 

7. Bei 180 Grad fir 25 Minutte baken oder soulaang bis se schéi brong sinn. 



Wann ee Loscht huet kann een d’Kichelcher nach mat Schockela oder Zockergoss dekoréieren. 



Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!