D'REZEPTKËSCHT - Chocolate Chip Cookies
Published on September 20, 2017
Share
Subscribe 3
Baussen knuspereg, bannen knätscheg a mat vill Schockela… Dat si fir mech déi perfekte Cookies, wei een déi ouni groussen Opwand a ganz séier Doheem mécht weisen ech dir haut. Dobäi nach een Trick wei een et mécht fir bal ëmmer kënnen frësch a selwer gebake Cookies ze genéissen!



Fir 24 Cookies:



• 280 gr Miel

• 250 gr Botter

• 180 gr brongen Zocker

• 250 gr Schockelasstécker

• 80 gr wäissen Zocker

• 2 Bio Eeër

• 1 TL Vanillsaroma

• 1 TL Salz

• 1/2 TL Bakpolver



Rezept:



1. D’Miel gëtt mam Salz a Bakpolver vermëscht an op d’Säit gestallt.

2. De Botter, de brongen a wäissen Zocker an de Vanillsaroma mam Mixer opschloen.

3. Déi zwee Eeër een nom anere dobäi ginn an nach eng Kéier kuerz verréieren.

4. D’Mielmëschung an d’Schockelasstécker mat engem Bräiläffel mam Rescht verréieren. Nëmmen esou laang réieren bis sech alles zu engem Deeg formt.

5. De Cookie-Deeg mat engem Glaceportionnéierer oder Läffel zu klengen Bullen formen an op e mat Bakpabeier ausgeluechten Bakblech leeën. Dobäi genuch Platz tëscht deenen eenzelen Bullen loossen.

6. Fir 12 Minutte bei 190 Grad Ëmloft baken.

7. D’Cookies ofkille loossen ier een se vum Bakblech hëlt.



Wann engem 24 Cookies ze vill sinn, kann een de Rescht Deeg a klengen Portiounen afréieren an da frësch baken wann ee Loscht op Cookies huet.

D’Schockelasstécker kann een och duerch Smarties, Nëss, etc austauschen.





Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos