Blueberry Frappuccino schmaacht no Kokosnoss?!
117 views
Published on August 16, 2018
Share
Subscribe 143
Vill Leit komme schlecht laanscht Starbucks ouni sech eng kleng Erfrëschung ze kafen, sou ass et mir och am Auchan gaangen. Ech testen den neie Blueberry Cheesecake Frappuccino! Op deen eppes ass a wéi meng Versioun wuel schmaacht? 

 

Fir 1 Frappuccino: 

 

• 170 ml kal Vollmëllech 

• 100 gr Vanillsglace 

• 1 IL Philadelphia 

• 125 gr Molbier 

• 2 IL Zocker 

• Schlagsahn 

• 1 Petit Beurre 

 

Rezept: 

 

1. D’Molbier an enger Kasserolle mam Zocker kachen, bis eng déckflësseg Zooss entsteet. 

2. An engem Standmixer oder mam Stabmixer d’Mëllech, d’Glace an de Philadelphia schaumeg vermixen. 

3. 3 IL vun der Molbier-Zooss bei de Frappuccino maachen an e bësse verréieren. 

4. An e Glas fëllen, mat Schlagsahn a Petit Beurre Stécker garnéieren. 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze subscriben!

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!