Mir hunn een Dannyzapfen fonnt | Roadtrip - Gateway Restaurant and Lodge - Sequoia Nationalpark
Published on March 19, 2019
Share
Subscribe 7
Op eisem Wee fir an de Sequoia Nationalpark hu mir nach ee klengen Tëschestopp am GATEWAY RESTAURANT AND LODGE gemaach.

 

De Sequoia- Nationalpark an de Kings Canyon Park sinn 2 Nationalparken am kalifornesche Sierra Nevada am Weste vun den USA.

Et brauch een ongeféier 4 Stonne vu Los Angeles oder San Francisco aus.

Déi 2 Parke grenzen direkt uneneen.

Si gehéieren zu de bekanntsten Nationalparken an de Vereenegte Staaten, a gi pro Joer vu méi ewéi 1.5 Millioune Mënsche besicht.

D'Landschaft vun deenen 2 Parke weise wéinst den extrem Ënnerschiddlechen Héichte vun 412m bis 400m, eng grouss Villfalt op.

Grouss Bierger, déif Canyons a riseg Beem, bilden déi ënnerschiddlechst Liewensraim fir Deieren a Planzen.

D'Haaptattraktioun sinn déi enorm grouss Rise Mammut Beem, déi eng héicht vu méi wei 80 m mat engem Duerchmiesser vun 11m erreeche kennen. 

Säit dem 9. Joerhonnert haten an de verschidden Däll, 3 Stämm vun de Shoshonen gewunnt.

Eng véiert, am San Joaquin Valley usässeg Gruppen hat sech am haitege Parkgebitt opgehalen.

1848, wei dunn Gold am Sierra Nevada entdeckt gouf, sinn a Stréimen, Goldsicher, Abenteurer a Siidler komm an hunn d' Bevëlkerung aus hire Däll verdrängt.

Et koum zur Gewalt op deenen 2 Säiten.

1862 sinn duerch Krankheeten ewéi d Pocken, Masern oder Scharlach déi d' Europäer matbruecht hunn ganz vill Einheimischer em d Liewe komm. D Iwwerliewender hunn dorops hin d Gebitt verlooss a sinn ostwärts iwwer d Sierra Nevada gezunn, sou dass ab 1865 keng Uhreinwohner méi am Gebitt gewunnt hunn.
more videos