Carrot Cupcakes mat Cream Cheese Frosting
199 views
Published on November 10, 2017
Share
Subscribe 143
En typeschen Hierschtgôut ass fir mech de Muertekuch: Kanéil, Mandelen a Muerte passe perfekt beiëneen. Ma well mir en normale Kuch e bëssen ze langweileg ass, ginn et bei mir Carrot Cupcakes mengem Liiblings Cream Cheese Frosting! 



Fir 12 Cupcakes: 



• 150 gr gemuele Mandelen

• 110 gr Pudderzocker

• 100 gr Miel 

• 120 gr Zocker

• 200 gr Philadelphia 

• 100 gr Botter

• 2 Eeër

• 100 ml Ueleg

• 200 gr Muerten 

• Jus vun 1/2 Orange 

• 2 TL Bakpolver 

• 1/2 TL Salz 

• 1 Tl Kanéil

 

Rezept: 

 

1. Dat ustrengendst kënnt fir d’éischt: D’Muerte gi geschielt a kleng gerappt. 

2. An enger Schossel ginn d’Mandele mat dem Miel, dem Bakpolver, dem Salz an dem Kanéil vermëscht an op d’Säit gestallt. 

3. Déi zwee Eeër an enger zweeter Schossel mam Zocker fir 3-4 Minutte schaumeg opschloen an dono den Ueleg ënnert déi cremeg Mass réieren. 

4. Fir d’nächst d’Eeër-Zockermëschung mat de Muerten, dem Orangëjus an de Mandele lues vermëschen. 

5. Den Deeg op 12 Muffinformen opdeelen (dat geet am beschte mat engem Glaceportionnéierer) a fir 20-25 Minutte bei 180 Grad Ëmloft baken. 

6. An der Tëschenzäit fir de Cream Cheese Frosting de Botter kuerz opréieren an da mam Philadelphia a Pudderzocker vermëschen. (De Botter a Philadelphia mussen Zëmmertemperatur hunn!) 

7. De Cream Cheese Frosting a de Frigo stellen. 

8. Wann d’Muffins bis kal sinn, de Cream Cheese Frosting mat engem Läffel oder Messer drop verdeelen a mat Mandelen oder Marzipan Muerten dekoréieren.



Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!