Happy Birthday RTL YOU! An ech baken de Kuch (mat Oreos)
178 views
Published on June 19, 2018
Share
Subscribe 143
Alles Guddes fir de Gebuertsdag RTL YOU!! A well bei engem richtege Gebuertsdag op guer kee Fall e Kuch dierf feelen, baken ech haut den RTL YOU Gebuertsdagskuch. Passend zum „Eat-an-Oreo-Day“ um 19. Juni, ass de Kuch mat Oreos voll gepaakt. 

 

 

Fir de Kuch: 

 

• 300 gr Botter 

• 300 gr Zocker

• 6 Eeër

• 300 gr Miel 

• 10 Oreos

• 3 TL Bakpolver

• 1/2 TL Salz 

• 1 TL Vanillaroma 

 

Fir d’Bottercrème: 

 

• 4 Eewäiss

• 300 gr Zocker 

• 400 gr Botter 

• 1 TL Vanillaroma 

• 6 Oreos

 

Rezept:  

 

1. Fir de Kuch, gëtt de mëlle Botter mam Zocker an dem Vanillaroma mam Mixer fir mindestens 5 Minutte schaumeg a wäiss opgeschloen. 

2. D’Eeër ginn an enger Schossel mam enger Forschett oder engem Schnéibiesem verréiert. No an no kommen d’Eeër bei d’Zockermëschung dobäi. Ëmmer weider réieren. 

3. D’Miel gëtt mam Bakpolver an dem Salz vermëscht. A ganz lues mat engem Läffel bei de Rescht vum Deeg dobäi gemaach. 

4. D’Oreos a kleng Stécker schneiden a per Hand ënnert den Deeg mëschen. 

5. Eng 24cm Sprangform afetten an den Deeg dra fëllen. 

6. Den Deeg gläichméisseg a glat verdeelen. Bei 170 Grad fir 45 Minutte bis 1 Stonn baken. Wann een en Holzstäbchen dra stécht a keen Deeg méi hänke bleift, ass de Kuch duerch. 

7. Fir d’Bottercrème ginn d’Eewäiss mam Zocker an engem Bain-Marie vermëscht an sou laang verréiert bis sech den Zocker all opgeléist huet. 

8. D’Eewäissmëschung gëtt dono mam Mixer esou laang opgeschloe bis se erëm op Zëmmertemperatur ofgekillt ass. 

9. De Vanillaroma dobäi ginn, an no an no de mëlle Botter ënnermëschen. 

10. D’Oreos auserneen huelen, d’Crème eraus krazen an d’Kichelcher ganz réng zerdrécken. 

11. D’Crème an d’Grimmele vun den Oreos ënnert een Drëttel vun der Bottercrème mëschen. Déi aner 2/3 bleiwe wäiss. 

12. De Kuch uewendrop riicht oofschneiden an dann an 3 schneiden. 

13. Mat Oreo-Bottercrème fëllen a ronderëm wäiss Bottercrème verdeelen. 

14. De Kuch fir eng hallef Stonn an de Frigo stëllen. 

15. De Rëscht wäiss Bottercrème ronderëm verdeelen a glat sträichen. 

16. De Kuch no Wonsch dekoréieren. 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze subscriben!

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!