D' REZEPTKËSCHT - Fouer-Serie - No.3 Gyros
Published on September 5, 2017
Share
Subscribe 3
Den drëtten a leider och scho leschten Deel vu menger Fouer-Serie. Wat fir mech um Fouer-Menü nach feelt, ass Gyros! Hei kënnt mäin eegent Rezept, fir dass och Jidderee kann Doheem Gyros maachen.



Fir 4 Gyros’en:



• 2 Tomaten

• 1 Paprika

• E bëssen Eisbergzalot

• Kraider (Ech hunn Thymian, Rosmarin, Péiterséileg a Menthe geholl)

• 1 Knueweleckszéif

• 200 gr Naturjughurt

• 2 Pouletsfileten

• 70 gr Mayonnaise

• 50 gr Sauerram

• 4 Pita Bréidercher

• 2 IL Sojaszooss

• Salz a Peffer



Rezept:



1. D’Kraider gi kleng geschnidden, de Knueweléck gëtt gerappt an zesumme mat dem Jughurt, der Mayonnaise, der Sauerram an e bësse Salz a Peffer verréiert an an de Frigo gestallt.

2. Duerno gëtt och d’Geméis an de Poulet kleng geschnidden.

3. De Poulet an enger Pan mat e bëssen Ueleg ubroden, pefferen a wann en bis duerch gebroden ass, kënnt d’Sojaszooss nach dobäi.

4. D’Pitabréidercher mat e bësse Waasser bepinselen an am Schëffchen oder Toaster waarm maachen.

5. Lo ka Jiddereen säi Gyros ofwiesselnd mat Poulet, Zooss a Geméis fëllen.



Natierlech kann een säi Gyros och mat aanerem Geméis fëllen.



Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos