D' REZEPTKËSCHT - Burger-Day: Mir maachen den RTL YOU Burger
Published on May 28, 2018
Share
Subscribe 0
Fir de Burger-Day hunn ech mir eppes ganz Spezielles ausgeduecht! Ech maachen zesumme mam Eric den RTLYOU Burger! 

Fir 2 Burger’en: 

• 250 gr gemëschten Gehacktes 
• 1 Ee
• 1 Scheif Brout 
• 50 ml Mëllech
• 1 Avocado 
• 2 IL Sauerram 
• 1/2 Zitroun 
• 1/4 TL Chilliflacken 
• 1 Enn 
• 70 gr Miel 
• 1 Bull Mozzarella
• 1 Tomat
• 2 Bréidercher
• Péiterséileg
• Ueleg 
• Salz 
• Peffer

Rezept: 

1. Fir d’Avocadocrème d’Fruuchtfleesch mat der Sauerram, den Chilliflacken, e bëssen Zitrounejus, Salz a Peffer an enger Schossel zerdrécken. 
2. D’Enn an dënn Scheiwe schneiden an am Miel wänzelen.
3. Den Ueleg an enger Pan virhëtzen an d’Enne lues frittéiere bis se schéi brong a knuspereg sinn. Op engem Stéck Kichepabeier ofdrëpse loossen. 
4. D’Brout an der Mëllech aweechen. 
5. De Péiterséileg kleng schneiden a bei d’Gehacktes maachen. D’Brout aus der Mëllech huelen, e bëssen ausdrécken a bei d’Gehacktes maachen. Zu lescht nach d’Ee dobäi maachen, mat Salz a Peffer ofschmaachen an alles vermëschen.
6. Zwee gläich grouss Burgerpattys formen an an enger Pan oder um Grill grillen. 
7. An der Tëschenzäit de Mozzarella an d’Tomat schneiden. 
8. Wann d’Burger’en duerch sinn, de Mozzarella drop leeën a kuerz schmëlze loossen. 
9. D’Bréidercher opschneiden a mat Avocadocrème, Tomat, dem Burgerpatty an e puer Röstzwiwwele garnéieren. 
 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze subscriben!
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!
more videos