Lizzy Franck - Woufir gëtt trainéiert?
Published on June 30, 2018
Share
Subscribe 5
Dëst Joer stinn e puer wichteg Turnéier um Programm. An dësem Video weisen ech iech e bësse wéi ech mech dorobber virbereeden. Dressur ass d' Grondlag fir de ganze Sport an och wann ech dat hei e bësse kurz geschnidden hunn ass et eng wichteg Viraussetzung. Den Terrain wou ech drop trainéieren ass extrem kurz, aus Sécherheetsgrënn trainéieren ech hei och keng Vitessspiller :)

Turnéierdate stinn nach net alleguerte fest mä ech ka scho soen dat ech an deene nächsten 3 Méint ënner anerem an Dänemark, Frankräich, Belsch, Däitschland an der Schwäiz ënnerwee wäert sinn.

Ausserdeem wäert ech dëst Joer di éischte Kéier Lëtzebuerg op der Europameeschterschaft (a Frankräich) vertriede wat natierlech eng mega grouss Éier ass an dowéinst muss elo awer nach ganz vill trainéiert ginn.



Vill Spaass xx
more videos