Ech wousst am Viraus, datt mech mat Child of Light eng kleng Delikatesse erwaart. Ech korrigéieren: Et ass e Festschmaus! Datt ech dem Spill esou verfale géing, hätt ech wierklech net geduecht. Wat mech esou um Iwwerraschungshit vun 2014 faszinéiert, verroden ech iech am Video.