Apple Crumble
175 views
Published on October 18, 2017
Share
Subscribe 143
Den Hierscht ass och elo zu Lëtzebuerg ukomm a bréngt ënnert anerem och vill Äppel mat. A wat gëtt et scho Besseres wei doraus een Apple Crumble ze maachen, fir sech déi kal an naass Hierschtdeeg ze verséissen?  

Fir 6 Portiounen: 

• 5 Äppel 
• 1/2 Zitroun 
• 75 gr Huewerflacken 
• 100 gr Zocker 
• 100 gr Botter 
• 100 gr Miel 
• 2 IL brongen Zocker 
• 1 TL Kanéil 
• 1 TL Maisstäerkt 
• 1 Pak Vanillszocker 
• Salz 
 
Rezept: 
 
1. D’Äppel schielen an a gläich grouss Stécker schneiden. 
2. An enger Schossel déi kleng geschnidden Äppel, de Jus vun der Zitroun, de brongen Zocker, Kanéil an d’Maisstäerkt vermëschen an op d’Säit stellen. 
3. Fir d’Streiselen den Zocker, Botter, d’Miel, d’Huewerflacken, de Vanillszocker an d’Salz mat den Hänn zu engem grimmelegem Deeg knieden. 
4. An enger feierfester Schossel d’Äppel verdeelen an d’Streiselen driwwer streeën. 
5. Bei 180 Grad Ëmloft fir 30-35 Minutte baken. 
6. Waarm mat Schlagsahn, Glace oder Vanillszooss zerwéieren.
 
Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!