Chrëscht-Serie - No.2 Boxemännercher
329 views
Published on December 6, 2017
Share
Subscribe 143
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen! Fir dass d’Telleren och gutt gefëllt sinn, dierf en typesche Boxemännchen natierlech net feelen. Wei een déi ganz einfach kann Doheem bake weisen ech dir haut a menger Chrëscht-Serie. 

 Fir 12 Boxemännercher: 

• 570 gr Miel 
• 125 gr Botter 
• 90 gr Zocker 
• 200 ml Mëllech 
• E puer Korinten 
• 4 Il Waasser 
• 1 Ee 
• 1 Eegiel 
• 1 Wierfel Hief 
• 1 Pak Vanillszocker 
• Schuel vun 1/2 Bio-Zitroun 
• 1/2 TL Salz 

Rezept: 

1. Fir datt d’Boxemännercher gutt lëfteg ginn, fänke mir mat engem Firdeeg un. Dofir d’Hief an der wootlecher Mëllech an dem Waasser opléisen. Mat 1/3 Miel, dem Zocker an dem Salz vermëschen a fir 30 Minutten opgoe loossen. 
2. De Rescht Miel, de Botter, d’Ee, de Vanillszocker an d’Zitrouneschuel mam Firdeeg fir 5 Minutten zu engem mëllen Deeg verknieden.
3. Den Deeg fir 1 Stonn zougedeckt opgoe loossen. 
4. Wann den Deeg sech verduebelt huet ginn aus all Kéiers 80 gr Deeg d’Boxemännercher geformt.
5. Fir unzefänken e Rechteck formen, dann de Kapp modeléieren, fir d’Been an d’Ärem e kleng Aschnëtt maachen a mat Korinten d’Aen an d’Knäpp opdrécken. 
6. Dei fäerdeg geformte Boxemännercher nach eng Kéier 30 Minutten opgoe loossen. 
7. Zu gudder Läscht d’Eegiel mat e bësse Mëllech verréieren an domat d’Boxemännercher besträichen. 
8. Bei 180 Grad fir 12 Minutte baken. Beim Baken eng Schossel mat Waasser an de Schäffche stellen.  

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!