Chicken Curry - Vegan méiglech!
204 views
Published on July 29, 2017
Share
Subscribe 143
Chicken Curry - Vegan méiglech:

Dës Kéier gëtt et en asiatescht Rezept! E bësse Geméis, Poulet, Kokosmëllech, Currypaste a schonn ass mäin Chicken Curry fäerdeg. Den ass bis elo nach bei all Mënsch gutt ukomm.

Fir 4 Portiounen:

• 2 Pouletsfileten
• 1 Paprika
• 2 gekachte Gromperen
• 1 Muert
• 1/2 Courgette
• 500 ml Kokosmëllech
• 1 Ënn
• 2 IL Currypaste (Ech huelen ëmmer Sharwoods Mild Currypaste)
• Salz
• Peffer
• Ueleg


Rezept:
1. D’Geméis an de Poulet a gläich grouss Stécker schneiden.
2. Am Wok oder an enger Pan all d’Geméis, ausser d’Gromperen, mat e bëssen Ueleg fir 5 Minutte broden oder bis dass alles mëll ass.
3. D’Geméis aus dem Wok huelen an op d’Säit stellen.
4. De Poulet ubroden, mat Salz a Peffer wierzen.
5. Wann de Poulet bis duerchgebroden ass, kënnt d’Currypaste, d’Kokosmëllech an d’Geméis dobäi.
6. Alles eng Kéier opkache loossen.

Als Bäilag rechnen ech ëmmer ongeféier 60-70 gr Räis pro Persoun.
Ouni de Poulet ass d’Rezept och komplett vegan!

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!