Grillsaison: Côte à l'Os mat Fächergromperen
508 views
Published on April 20, 2018
Share
Subscribe 143
D’Fréijoer kéint sech de Moment net besser weisen! A well natierlech näischt iwwert e schéine Grillowend oder Mëtteg geet, deelen ech haut mäin Lieblings Grillrezept mat dir. Dat ass eng Côte à l’os, déi mat Zitroun, Knuewelek an Thymian marinéiert gëtt, fir mech déi perfekte Gewierzer fir d’Fréijoer an de Summer. Dobäi zerwéieren ech Fächergrompere mat Rosmarin. 



Fir 4 Persounen: 



• 1 Côte à l’os (600 gr) 

• 1/2 Zitroun 

• 400 gr Gromperen 

• 150 ml Olivenueleg 

• Thymian

• Rosmarin 

• 3 Zéiwe Knuewelek 

• Salz 

• Peffer



Rezept: 



1. Fir d’Grompere gëtt de Rosmarin kleng geschnidde mat 1/3 vum Olivenueleg an e bësse Salz a Peffer vermëscht. 

2. D’Grompere ginn tëscht 2 Géigestänn geluecht di ongeféier 5mm déck sinn. Déi Suergen dofir datt mir Gromperen net ganz duerch schneiden. D’Grompere gi mam Messer ageschnidden, dobäi gutt oppassen datt een se net ganz duerch schneit. 

3. Di ageschnidde Grompere ginn op engem Bakblech verdeelt a mam Ueleg gepinselt. 

4. Bei 180 Grad Ëmloft fir 45 Minutte baken. 

5. Fir d’Marinade vun der Côte à l’os ginn de Knuewelek an d’Schuel vun der Zitroun gerappt. De Jus vun der Zitroun gëtt gepresst an den Thymian gëtt kleng geschnidden. Alles mam Rescht Olivenueleg, e bësse Salz a Peffer vermëschen. 

6. D’Côte à l’os gëtt gegrillt. 

7. Wann d’Fleesch fäerdeg gegrillt ass, leet een et fir e puer Minutten an d’Marinade. 

8. Zum Schluss schneide mir d’Fleesch an dënn Scheiwen an zerwéieren et mat de Gromperen an e bësse vun der Marinade. 

 

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken a mäin Channel ze abonnéieren.

Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!