Super Smash Bros. Melee ass fir mech méi, wéi nëmmen e Spill. Et ass dat Spill op dat ech ëmmer erëm vun Zäit zu Zäit zréckkommen. Mat senge ville fortgeschrattenen Techniken ass et e schwéiert an awer motivant Videospill. Di kompetitiv Zeen huet ee knallhaart héijen Niveau a mat dësem Video wëll ech iech weisen, wéi sech dëst weltwäit Phänomen iwwer 15 Joer entwéckelt huet.