Fouer-Serie - No.1 Gromperekichelcher mat Äppelkompott
241 views
Published on August 22, 2017
Share
Subscribe 143
Elo geet et lass menger Fouer-Serie! An deene nächste puer Videoen weisen ech dir typesch Fouer-Rezepter déis du doheem kanns nomaachen. Dofir ginn et haut lëtzebuergesch Gromperekichelcher mat Äppelkompott.

Fir 15 Gromperekichelcher:

• 1 kg Gromperen
• 3 Äppel
• 2 Schallotten
• 2 Bio Eeër
• 1/2 Bond Péiterséileg
• 2,5 IL Miel
• Ueleg
• 3 IL Zocker
• 1/2 TL Peffer
• 1/2 TL Salz

Rezept:

1. Fir d’Äppelkompott ginn d’Äppel geschielt, geschnidden an an engem Dëppe mam Zocker an e bësse Waasser fir ongeféier 10 Minutte gekacht bis d’Äppel mëll sinn.
2. Fir d’Gromperekichelcher ginn d’Gromperen geschielt an graff gerappt.
3. Duerno déi gerappte Gromperen an engem Kichenduch ausdrécken.
4. D’Schallotten an de Péiterséileg kleng schneiden an zesumme mat den Eeër, dem Miel, dem Salz a Peffer bei d’Grompere ginn a gutt vermëschen.
5. D’Gromperekichelcher ginn an enger Pan mat vill Ueleg vun deene 2 Säiten ausgebak an dono op engem Teller mat Kichepabeier ofdrëpse gelooss.
6. Mat Äppelkompott zerwéieren!

Vergiess net meng Facebooksäit ze liken.
Vill Spaass an Erfolleg beim nomaachen!