Een decke fette Bunnes 😇😇😇 | Roadtrip 🚗 Pine Mountain Club - Three Rivers
Published on March 7, 2019
Share
Subscribe 4
Moin Moin
Also mir hunn elo mol gutt geschlof, war mega roueg, e gutt Bett. Mir hunn en ganzt Haus op Air BnB gelount, 50 Euro op den Kapp ongeféier. Mir sinn hei an der Géigend vu Bakersfield an et ass wierklech flott. Et huet ee seng Rou am Bësch. Wat mer opgefall ass dat et et wierklech kal hei ass, 4 bis 5 Grad. Sou krass dass an sou kuerzer Distanz Temperatur esou schwankt. Sou an elo ginn mer mol akafen an eist Frühstück maachen. Do hu mer geschlof. 50 Euro op den Kapp. Et ass mega roueg hei an et ass wierklech schéin an der Natur.







Den Pine Mountain Club ass eng net rechtskräfteg Privatgemeng mat ronn 2500 Awunner an leit am südwestlechen "Kern County" an Kalifornien



Des Platz war ideal fir sech vun deenen ganz Impressiounen vu San Diego an LA ze erhuelen an mol e bëssen ze entspanen.



Ween gären an der Natur ass an gären wanderen geet ass hei gutt opgehuewen. Mais opgepasst, do ginn et och Biren.







Et ass eng kleng Gemeng an den Bierger vum Tejon Pass. Et ass fir alles gesuergt. Geschäfter, Hoteler an Restauranten sinn do.







Den Tejon Pass deen sech maximal 1275 Meter iwwert dem Mieresspigel erhefft, ass een Gebiergspass um südwestlechen Enn vun den "Tehachappi Mountains" am südlechen Kalifornien. Dësen Pass verbënnt Los Angeles mam nërdlechen Deel vun Kalifornien.







No eisem leckeren Frühstück sinn mer ronn 3 Stonnen bis op "Three Rivers" gefuer. Op der Faart war ech erstaunt wei d Géigend sech sou rasant ännert.







Ukomm zu "Three Rivers" hu mir an engem Hotel iwwernuecht an mir waren Owes nach bei een Mexikaner iessen. Wann s du mol eng kéier do bass muss de onbedéngt bei deen Mexikaner goen. d Iessen war richteg gutt an präiswäert. "Three Rivers" ass kleng, also du wiers et schonn fannen.







"Three Rivers" war just en Zwechenstopp fier den aneren Moien fit bei eis eigentlech Ziel dem "Sequoia National Park unzekommen.
more videos